
About Bundle
DËSEN DOSSIER ASS FIR ENG EENZEL PERSOUN AN DÄERF WEDER PER EMAIL ODER KOPÉIERE GEDEELT, NACH OP EE SERVER GESAT GINN!
MERCI DASS DÄR MENG AARBESCHT RESPEKTÉIERT! 🙂
Dëse Bündel enthält 5 ,Dossiers déi een och eenzel ze kafe kritt!
Am ganzen sinn et 416 Fichen fir mat de Kanner d’Buschtawen ze üben. Do kréien se genuch ze schaffen 🙂
Wat ass dran?
– Ëmkrees de Buschtaf: D’Kanner sollen de Buschtaf sichen an ëmkreesen.
Eemol mat nëmme grousse Buschtawen an eemol mat groussen a klenge Buschtawe gemëscht. (2 verschidden Hannergrënn)
– Fierf de Buschtaf: D’Kanner sollen de Buschtaf sichen a foarweg molen. Nëmme mat grousse Buschtawen. (S/w a faarweg)
– Schreif de Buschtaf: D’Kanner sollen de Buschtaf a Këschten an dann a Reie schreiwen. Eemol mat grousse Buschtawen an eemol mat groussen a klenge Buschtawen. (s/w a faarweg)
– Fierf déi Saachen, déi mam Buschtaf ufänken: D’Kanner sollen déi Saache faarweg molen, déi mam Buschtaf ufänken. (2 verschilden Hannergrënn)
– Kleng Aufgaben: D’Kanner sollen am Buschtaf de Linne nofueren, de Buschtaf schreiwen an dann déi richteg Saach, déi mam Buschtaf ufänkt, foarweg molen. Eemol mat nëmme grousse Buschtawen an eemol mat groussen a klenge Buschtawe gemëscht. ( 2 verschidden Hannergrënn)
Villmools Merci fir d’Kafe vun dësem Produit.
Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer
och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉 Ech hu laang
un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen
och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net
weiderginn- oder schécken. Villmools Merci 🙂
Bei Froën oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:
-INSTAGRAM: Dem_Lisa_seng_Klass
-MAIL: litchielisa@hotmail.com