An der Schoul am Lëtzebuergeschcours
About This Course
„An der Schoul“ ka ganz flott am Lëtzebuergeschcours theematiséiert ginn. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.
D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säite faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zum Theema Schoul passt a wat net.
* D’Schachtel fëllen
* Lauschtersätz, zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt
* Individuell Fotoen zum Theema molen
* D’Fächernimm hire Biller zouuerdnen
* Saache faarweg molen, déi an de Schoulsak gehéieren
* D‘’Schoul, de Schoulhaff, de Klassesall an Klassekammeroden virstellen
* Duerch richteg Äntwerten duerch den Anlautlabyrith goen
* Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidde Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn
* Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginn
Am Material fannt dir 1 Deckblat, 11 Aarbechtsblieder, 2 Blieder mat Biller/Wierder fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings🍃


About the seller
Give them wings
There are only two lasting bequests we can hope to give our children. One of these is roots🌳, the other, wings🦋. (J. W. von Goethe)
Et freet mech, datt dir hei bei give them wings🍃 gelant sidd. Hei op weteach deelen ech meng Iddien a mäi Material mat iech. Et géif mech immens freeën, wann ech iech an ärem Schoulalldag kéint inspiréieren a bei der Gestaltung vun ärem Cours kéint hëllefen an ënnerstëtzen. Mellt iech, wann dir Froen oder Wënsch hutt.🤗
Op Instagram deelen ech Ausschnëtter aus mengem faarwege Schoulalldag.🌈. Kommt eng Kéier luussen. Ech géif mech freeën!✨
Äert give them wings🍃