Apple Maart (Deco fir de Stand, Atelieren etc…)
About This Course
An dësem Dossier fann dir Decoration fir den Äppelmaartstand an och Material fir Atelieren an Spiller zum Thema ze gestallten.
Wat ech mat dem Material aus dem Dossier gemach hun:
De Martstand dekoréiert:
– Bannere mat Juteseeler obgehang
– Schëlder opt Mauer gehang
– Kleng Flächen mat “Viz” gefëllt (Wasser mat Faarf) an zougepescht an e Sticker
vum Dossier drob gepescht.
– rout, giel a greng Äppel Schëllder opt Këschte gepescht¨
Atelieren:
– Pompomen der Faarf no opt Beem sortéieren (mat oder och ouni Zang)
– Plastilin Äppel un de Baum “hänken”
– Spill “Äppelkuch”
Am Turnen:
– Äppel sorteieren
– Wann Musik stoppt lafe mer an den rouden etc Appel (mir weisen Kart an Kanner lafen an de passenden Hulahup)
Dat ganzt Material kann een vielfällteg asetzen. Et sin och Cliparts a Rummen am Dossier fir nach méi personaliséiert ze schaffen.
“Eidel” Bannern sin och dran, fir mat de Kanner zesumme eege Banneren ze gestallten fir ze decoréieren.
All d’Säiten si vu mir gemoolt, dir wäert déi Biller soss néierens fannen.
Dës Säiten si just fir den eegene gebrauch, an ech wär frou wann dir se net géift weiderginn.
Vill Spaass
Kein Video verfügbar