Blummewiss (Raumorientéierung an Zueleberäich)

About This Course

Dës Aktivitéit kann souwuel beiPrécoce Kanner, wéi och bei Cycle 1 Kanner ugewand ginn.

Et as am bäschten d’Virlaagen op A3 Pabéier ze kopéieren, vir dass d’Unzuel u Blummen (maximum 10) an d’Feld passt.

D’Kand kritt eng eidel Virlag an eng, vir hien passend Virag mat Blummen:

1.  Virlag mat just wäisse Würfelbiller (0-6) : hei soll d’Kand just déi wäiss Blummen benotzen

2. Virlag mat Würfelbiller (0-6) an ënnerschiddleche Faarwen: hei soll d’Kand entspriechend Faarwen vu Blummen benotzen

3. Virlag mat enger Mëschung aus wäissen Würfelbiller an wäissen Zifferebiller: hei soll d’Kand just déi wäiss Blummen benotzen

4. Virlag mat enger Mëschung aus Würfelbiller an Zifferebiller an ënnerschiddleche Faarwen: hei soll d’Kand déi entspriechend Faarwen vu Blummen benotzen

5. Virlag mat just wäissen Zifferebiller (0-6): hei soll d’Kand just déi wäiss Blummen benotzen

6. Virlag mat Zifferebiller (0-6) an ënnerschiddleche Faarwen: hei soll d’Kand déi entspriechend Faarwen vu Blummen benotzen

7. Virlag mat just ëmmer enger Unzuel u wäisse Punkten (5-10): hei soll d’Kand just déi wäiss Blummen benotzen

8. Virlag mat enger Unzuel u Punkten an ënnerschiddleche Faarwen: hei soll d’Kand déi entspriechend Faarwen vu Blummen benotzen

9. Virlag mat just wäissen Zifferebiller (5-10): hei soll d’Kand just déi wäiss Blummen benotzen

10. Virlag mat Zifferebiller (5-10) an ënnerschiddleche Faarwen: hei soll d’Kand déi entspriechend Faarwen vu Blummen benotzen

11. Virlag mat wäisse Plusrechnungen (bis 5): hei soll d’Kand just déi wäss Blummen benotzen

12. Virlag mat Plusrechnungen (bis 5) an ënnerschiddleche Faarwen: hei soll d’Kand déi entspriechend Faarwen vu Blummen benotzen

 

Zil vun der Aktivitéit as et, dass d’Kand seng eidel Virlag sou mat de Blummen fëllt andeems et sech un d’Virlag mat den Mengen hällt an dobäi oppasst, dass et och all Feld mat der richteger Unzuel fëllt (wann riets uewen eng rout 6 steet, dann soll d’Kand op senger Virlag och riets uewen 6 rout Blummen leeën)

Ee kuerze Video fannt dir op mengem instagram Profil cycle1_carole.

Vill Spaass beim Ausprobéieren 🙂

Preview Image 1
Preview Image 2
Preview Image 3


About the seller

Carole Ittenbach

0/5
3 Courses
0 Reviews

Hallo a wëllkomm op mengem Profil.

Ech si seit 2013 Léierin am Cycle 1 a maachen dat mat Häerz a Séil.

 

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

✕

Don't have an account yet? Sign up for free