Boomwhacker Memory: erkenns du d’Lidd? Einfach Kannerlidder
About This Course
8 einfach Kannerlidder sollen errode ginn:
Alle meine Entchen, Dik dik dak, Oldmacdonald, Frère Jacques,
ABC, Happy birthday, Léiwe Kleeschen an sur le pont d’Avignon.
Hei just puer méiglech Iddie fir d‘Ëmsetzung:
- Dir spillt d‘Motiver fir an d‘Klass erréit, mat Hëllef vun de Biller, wéie Lidd et ass. Entweder am Plenum oder puer Gruppen als Quiz géinteneen. Dat selwecht geet och ouni d‘Biller.
- An 2 Gruppen géinteneen. Et zitt een aus enger Grupp eng Motivkaart, a spillt et fir. Déi Grupp, déi als éischt dat richtegt Bild, oder just den Titel weess, kritt e Punkt.
- Als Gruppenaarbecht. Dir maacht Gruppen an all Grupp kritt Boomwhackers, 8 Biller an 8 Motivkaarten. Zesumme sollen d’Koppele fonnt ginn a beienee geluecht ginn oder op en Aarbechtsblat opgepecht ginn.
About the seller
Music and Fun by Jeanne Schmartz
 Hola,
schéin, dat s'du de Wee op mäi Profil fonnt hues.
ech si Perkussionistin a Musekswëssenschaftlerin mat enger Leidenschaft fir Musek aus aller Welt. Zënter 2010 halen ech Musekscoursen am LTPES. Weider ginn ech reegelméisseg Formatioune fir den IFEN, oder et kann ee mech och kontaktéiere fir e Workshop an der Schoul.
Vill Freed mat mengem Musekmaterial, an ech freeë mech iwwert all Feedback.
Â