CHRËSCHTDAG A WANTER AKTIVITÉITEN
About This Course
Dëse Bündel enthält 14 Aktivitéiten zu den Themen Chrëschtdag an De Wanter. Dëst si Spiller wou d’Kanner manipuléiere kënnen.
VILL SPAASS DOMAT!! 🙂
1. MEMORY
2. ZIELEN: D’Kanner leeën/pechen ëmmer esou vill Liichtecher an d’Këschten, wéi d’Ziffer ugëtt.
3. ZIELEN: D’Kanner fierwen esou vill Këschten wéi d’Saach héich ass (also vunënnen erop). Dono zielen si d’Këschten a schreiwen d’Ziffer op datanert Blat, nieft d’Bild.
4. DEKORÉIEREN: D’Kanner solle mam Plastilinn, de Bam dekoréieren.
5. NOBAUEN: D’Kanner sollen d’Äisbléck benotzen fir déi selwecht Mauer nozebauen.
6. KUCKEN A KLAPPEN: D’Kanner spillen zu 4. Se kréien all eng Hand an de Grapp. Eng Kaartgëtt emgedréit an da mussen d’Kanner esou schnell wéi méiglech op deeselwechte Bam klappen, deen d’Kaart ugëtt.
7. ZEECHNEN: D’Kanner zeechnen déi Forme no, déi ugi sinn, fir d’Strëmp zedekoréieren.
8. BINGO
9. ZIELEN: D’Kanner leeën/pechen esou vill Fësch an de Bauch, wéi d’Kaart ugëtt.
10. SUDOKU
11. SCHREIWEN: D’Kanner solle WANTER schreiwen
12. FIERWEN: D’Kanner sollen d’Biller ausfierwen a sech un de Modell
halen.
13. KUCKEN AN EMKREESEN: D’Kanner sollen déi Biller sichen. an ëmkreesen, déi ugi sinn.
14. DOMINO
Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉
Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.
Villmools Merci 🙂
Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:
-INSTAGRAM: Dem_Lisa_seng_Klass
-MAIL: litchielisa@hotmail.com
About the seller
Dem Lisa Seng Klass
Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.