D’BEI – Aktivitéiten
About This Course
Dësen Dossier enthält 7 Aktivitéiten déi d’Kanner manipuléiere kënnen, zum Thema BEI.
Fir Fichen zum Thema d’Bei klickt hei:
1. FANN D’BEIEKOMBIS
D’Kanner sollen déi verschidde Beiekombinatioune sichen andeems si d’ » Lupp » opmaachen an iwwert d’Bild fueren.
2. ZIELEN A RECHNEN
EINFACH: D’Kanner sollen d’Beie bei déi richteg Ziffere (Symboler) setzen.
SCHWÉIER: D’Kanner sollen eng Käertche mat » + « un d’Nascht pechen an dann d’Zifferen op de Beie mat der Ziffer hannert dem Plus zesumme rechnen an dee richtege Punkt drop leeën.
3. HUNNEGWABEN
D’Kanner solle fir d’éischt déi 4 Stécker sichen déi ënnen ugi sinn an se richteg dohi leeën. Da mussen si versichen d’Stécker all richteg an d’Form ze kréien.
4. PLASTILINN
D’Kanner sollen d’Forme mam Plastilinn noleeën.
5. SICH AN ZIEL D’BEIEN
6. SILBE KLAPPEN
7. WAT ASS D’SELWECHT?
D’Kanner mussen all Kéier 2 Kaarte vergläichen an déi Saach fannen, déi op deenen 2, déi selwecht ass. Se mussen da ganz schnell mat hirem Bier op d’Saach um Blat klappen.
Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉
Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.
Villmools Merci 🙂
Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:
-INSTAGRAM: Lisas_kindergarten_class
-MAIL: litchielisa@hotmail.com




Kein Video verfügbar
About the seller
Dem Lisa Seng Klass
Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.