DE BAUERENHAFF – Aktivitéiten
About This Course
Dësen Dossier enthält 11 Aktivitéiten déi d’Kanner manipuléiere kënnen, zum Thema BAUERENHAFF.
Fir Fichen zum Thema De Bauerenhaff klickt hei:
https://www.teacherspayteachers.com/Product/DE-BAUERENHAFF-Der-Bauernhof-La-ferme-5515551
1. SICH D’SAACHEN
D’Kanner sollen d’Saache fannen, déi um Référentiel gewise sinn, andeem se ënnert der Seef no de Saache sichen.
2. PLUS – RECHNUNGEN
D’Kanner sollen déi kleng Koarten hannert d’Dire schieben. Da maachen se d’Dieren op, maachen d’Rechnungen a pechen déi richteg Ziffer bäi.
3. D’DÉIERE FIDDEREN
D’Kanner sollen d’Déiere fidderen andeems si sech un d’Käertercher halen.
4. PLASTILINN DÉIEREN
D’Kanner solle mam Plastilinn d’Déiere nomaachen.
5. BILLER FIERWEN
D’Kanner sollen d’Biller molen andeem si sech un d’Faarwe vun den Zifferen halen.
6. SICH A FANN
D’Kanner sollen op all Käertchen 5 verstoppten Déierekäpp fannen.
7. WIERDER SCHREIWEN
D’Kanner sollen d’Wierder mat Magnéitbuschtawe a mat Plastilinnstempelen noschreiwen.
8. D’ZIFFERE VIRDRUN AN DONO
D’Kanner sollen un all Ziffer, déi Ziffer déi virdru kënnt an déi Ziffer déi dono kënnt unhänken.
9. TETRIS SPILLEN
D’Kanner siche fir d’éischt déi 4 Stécker aus déi si brauchen a leeën se esou dohin wéi et uginn ass. Da mussen si d’Stécker probéieren esou an d’Këscht ze leeën, dass et opgeet.
10. D’DÉIERE FIDDEREN
D’Kanner sollen d’Silbe vun de Wierder zielen an dann d’Käertercher richteg oppechen.
11. 3 SAACHE FANNEN
D’Kanner sollen déi 3 Saache fannen, déi op deenen 2 Säite sinn.
Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉
Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.
Villmools Merci 🙂
Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:
-INSTAGRAM: Lisas_kindergarten_class
-MAIL: litchielisa@hotmail.com
Your Instructor
Dem Lisa Seng Klass
Teacher
Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.