De groussen Zifferebündel 1
About This Course
Dëse Bündel enthält 8 Dossieren. All Dossier besteet aus enger Fiche/Aufgab, déi fir all Ziffer a fir d’Zuel 10 widerholl gëtt.
D’DOSSIEREN GINN ET OCH ALL EENZEL ZE KAFEN!
– ZIFFEREN 1 – ECH SICHEN A FIERWEN D’ZIFFER: D’Kanner sollen déi genannten Ziffer fannen a fierwen.
– ZIFFEREN 2 – ECH SCHREIWEN A REEBOU FOARWEN: D’Kanner sollen d’Ziffer schreiwen an dobäi ëmmer déi richteg Foarf benotzen.
– ZIFFEREN 3 – ECH SCHREIWEN D’ZIFFEREN: D’Kanner sollen d’Ziffere schreiwen. an de Këschten an dann an de Linnen.
– ZIFFEREN 4 – ECH FIERWEN D’GEHAANSFÉNKELCHER: D’Kanner sollen ëmmer esou vill Gehaansfénkelcher fierwen wéi uginn ass.
– ZIFFEREN 5 – ECH MOLEN A FIERWEN D’SAACHEN: D’Kanner sollen an all Këscht fierwen oder dobäi molen.
– ZIFFEREN 6 – ECH MAACHE KLENG AUFGABEN: D’Kanner soll kleng Aufgabe maachen.
– ZIFFEREN 7 – ECH SCHREIWEN AN DE REIEN: D’Kanner sollen an 2 verschiddene Gréissten an de Reie schreiwen.
– ZIFFEREN 8 – ECH ËMKREESEN D’SAACHEN: D’Kanner solle Gruppe vu Saachen ëmkreesen.
Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉 Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken. Villmools Merci 🙂
Bei Froen oder Remarken, mellt äerch roueg iwwer:
-INSTAGRAM: Dem_Lisa_seng_Klass
-MAIL: litchielisa@hotmail.com
Your Instructor
Dem Lisa Seng Klass
Teacher
Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.