DE KIERPER – Aktivitéiten
About This Course
Dësen Dossier enthält 7 Aktivitéiten déi d’Kanner manipuléiere kënnen, zum Thema KIERPER.
1. SCHANKEN AN ORGANER
D’Kanner solle, mat Hëllëf vun de Biller, oder auswenneg, d’Schanken an d’Organer op déi richteg Plaze setzen. De Bluttkreeslaf an de Nervesystem kënne mat Stëfter opgemolt ginn.
2. 5 SËNNER
D’Kanner sollen d’Biller bei dee richtege Sënn uerdnen.
3. RECHNUNGE BIS 10
D’Kanner sollen ziele wéi vill Zänn d’Kanner verluer hunn an dat richtegt Bild derbäi pechen.
Dono kënnen si d’Fiche ausfëllen.
4. FLECKEN ZIELEN
D’Kanner sollen d’ Flecken zielen an d’Zifferen an d’Këschte schreiwen.
5. SUITES LOGIQUES
D’Kanner sollen d’Suite weider maachen.
6. SKELETTHÄNN
D’Kanner sollen d’Mustere mat de Lastiker nomaachen.
Se kënnen och zu 2 géintenee spillen oder sech géigensäiteg d’Lastiker un d’Hänn maachen.
7. WIERDER SCHREIWEN
D’Kanner sollen d’Wierder, mat Buschtawe noleeën an dono schreiwen.
Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉
Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.
Villmools Merci 🙂
Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:
-INSTAGRAM: Lisas_kindergarten_class
-MAIL: litchielisa@hotmail.com
About the seller
Dem Lisa Seng Klass
Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.