Untitled Document

De Kleesche geet an d’Vakanz

About This Course

Kleeserchersdag ass eriwwer an de Kleeschen ass frou, datt hien sou vill Kanner mat deene schéinste Kaddoe konnt verwinnen. Et gëtt jo näischt wat de Kleesche léiwer mécht, wéi all Kand säi gréisste Wonsch ze erfëllen. No all der Aarbecht ass de Kleeschen awer och zimmlech midd a brauch onbedéngt eng Vakanz fir sech auszerouen. Hien huet dat ganzt Joer mat den Elfen am Atelier alles virbereet a Kleeserchersdag alles ausgeliwwert. Fir sech vum ganze Stress z’‘erhuele geet hie mat sengem Rendéier Rudi an d’Vakanz.

D’Kanner kréien d’Geschicht eng éischte Kéier virgelies a sollen sech sou vill, wéi méiglech Detailer mierken. Dono gëtt d’’Geschicht eng zweete Kéier virgelies an d’’Kanner sollen alles ukräizen, wat an der Geschicht virkënnt.

Elo, wou d’’Kanner d’Geschicht besser kennen, kënne si och déi passend’Billergeschicht an déi richteg Reiefolleg bréngen, korrekt an d’Case peschen a faarweg molen.

Ween Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Geschicht huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder:

* Glace vum Kleeschen a vum Rudi molen a gestalten

* Liblingsmomenter vun eege Vakanze molen

* Rätselen mam Rudi léisen

* En Chat um Handy mat Fotoen vervollstänegen

Am Material fannt dir 1 Deckblat, 7 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat de Biller vun der Geschicht fir auszeschneiden an d’Léisungen.

Ech wënschen iech vill Spaass domat !

Mat ganz léiwe Gréiss

give_them_wings

About the seller

Give them wings

5.0/5
32 Courses
3 Reviews

There are only two lasting bequests we can hope to give our children. One of these is roots🌳, the other, wings🦋. (J. W. von Goethe)

Et freet mech, datt dir hei bei give them wings🍃 gelant sidd. Hei op weteach deelen ech meng Iddien a mäi Material mat iech. Et géif mech immens freeën, wann ech iech an ärem Schoulalldag kéint inspiréieren a bei der Gestaltung vun ärem Cours kéint hëllefen an ënnerstëtzen. Mellt iech, wann dir Froen oder Wënsch hutt.🤗

Op Instagram deelen ech Ausschnëtter aus mengem faarwege Schoulalldag.🌈. Kommt eng Kéier luussen. Ech géif mech freeën!

Äert give them wings🍃

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free

×