D’Lena an de Pit feieren Nationalfeierdag
About This Course
Mam Lena an dem Pit hirer Geschicht kann Nationalfeierdag ganz flott am Lëtzebuergeschcours theematiséiert ginn. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz zur Geschicht, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.
D’Kanner kréien d’Geschicht virgelies a mierke sech anhand vu Wuertaschatzkäertercher déi éischt Infoen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann anhand vu Biller d’Reienfolleg vun der Geschicht um Lauschterwee noleeën.
Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Geschicht huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:
* Schrëtt fir Schrëtt Moluleedungen ëmsetzen
* Freedefeier molen
* Liblingsszenen molen an erklären
* Iwwerleeën, wéi d‘’Geschicht weidergeet
* Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn
* Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginn
Am Material fannt dir 1 Deckblat, 3 Säite Geschicht, 5 Aarbechtsblieder, 2 Blieder mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings
About the seller
Give them wings
There are only two lasting bequests we can hope to give our children. One of these is roots🌳, the other, wings🦋. (J. W. von Goethe)
Et freet mech, datt dir hei bei give them wings🍃 gelant sidd. Hei op weteach deelen ech meng Iddien a mäi Material mat iech. Et géif mech immens freeën, wann ech iech an ärem Schoulalldag kéint inspiréieren a bei der Gestaltung vun ärem Cours kéint hëllefen an ënnerstëtzen. Mellt iech, wann dir Froen oder Wënsch hutt.🤗
Op Instagram deelen ech Ausschnëtter aus mengem faarwege Schoulalldag.🌈. Kommt eng Kéier luussen. Ech géif mech freeën!✨
Äert give them wings🍃