D’Mier am Lëtzebuergeschcours

About This Course

 

D’Mier ka ganz flott am Lëtzebuergeschcours theematiséiert ginn. An dësem

Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.

D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säiten faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zum Theema Mier passt a wat net.

Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Theema huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:

* Individuell Fotoen zum Mier molen

* Lauschtersätz, zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt

* Individuell Fotoen zum Wanter molen

* Fësch gestalten

* Verstoppte Biller zu de Wierder fannen

* Comic erfannen a molen

* Ëmrësser zum Thema Mier nofueren a gestalten

* Ënnerwaasserwelt erfannen a molen

* Schrëtt fir Schrëtt-Mieresdéiere molen

* Leuttuerm mat Schëffer molen

* Schëff wierfelen

* Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial

   benotzt kënne ginn

* Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng

  Äntwert drop ginn

Am Material fannt dir 1 Deckblat, 14 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.

Ech wënschen iech vill Spaass domat !

Mat ganz léiwe Gréiss

give_them_wings🍃



Kein Video verfügbar

About the seller

Give them wings

5.0/5
32 Courses
3 Reviews

There are only two lasting bequests we can hope to give our children. One of these is roots🌳, the other, wings🦋. (J. W. von Goethe)

Et freet mech, datt dir hei bei give them wings🍃 gelant sidd. Hei op weteach deelen ech meng Iddien a mäi Material mat iech. Et géif mech immens freeën, wann ech iech an ärem Schoulalldag kéint inspiréieren a bei der Gestaltung vun ärem Cours kéint hëllefen an ënnerstëtzen. Mellt iech, wann dir Froen oder Wënsch hutt.🤗

Op Instagram deelen ech Ausschnëtter aus mengem faarwege Schoulalldag.🌈. Kommt eng Kéier luussen. Ech géif mech freeën!

Äert give them wings🍃

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free