D’SPILLSAACHEN – Aktivitéiten

About This Course

Dësen Dossier enthält 9 Aktivitéiten déi d’Kanner manipuléiere kënnen, zum Thema Spillsaachen. Dëst Thema ka perfekt an d’Thema DE KLEESCHEN a CHRËSCHTDAG integréiert ginn.

 

1. De Bullenautomat, Visuell Diskriminatioun:

D’Kanner sollen d’Bullen genau esou, wéi um Référentiel gewisen ass, an den Automat setzen.

2. D’Jicken, Visuell Diskriminatioun:

D’Kanner sollen d’Jicke genau esou, wéi um Référentiel gewisen ass, noleeën, andeems se och d’Richtung respektéieren.

3. De Spillsaachebuttek, Zielen + Schwätzen:

D’Kanner kënnen hei bis zu 4 zesumme spillen. Der Rei no, sollen se op hirer Kaart kucke wat se brauchen an da soe wat se kafen: « Ech kafen zwee Bäll. » D’Kanner sollen d’Saachen dann huelen an an hirt Regal stellen bis se alles hunn.

4. De Bullenautomat Bingo, Visuell Diskriminatioun a Verhalt:

D’Kanner kënnen hei bis zu 4 zesumme spillen. Der Rei no, zéien si eng Käertchen a kucken op dës an hiren Automat passt.

5. Baukasten, Feinmotorik, Formen a Faarwen erkennen:

D’Kanner sollen eng Referenz-Käertchen huelen an dësen Tuerm no bauen.

6. Hongreg Bieren, Zielen:

D’Kanner sollen ziele wéi vill Spillsaachen am Bauch vum jeeweilege Bier sinn an dann esou vill Spillsaache bäimaachen, bis der 10 dra sinn.

7. Faarwennumm, Buschtawen erkennen, Visuell Diskriminatioun:

D’Kanner solle fir d’éischt all oder epuer Buschtawen aus hirem Numm sichen. Da sollen se dës mat de Faarwe richteg noleeën.

8. Roboterpuzzle:

D’Kanner sollen d’Puzzele richteg zesummesetzen.

9. Zifferebäll:

D’Kanner sollen deen 1. Ball esou dréie wéi se wëllen. Dono sollen se dann all Ball esou dréien dass e vun der Ziffer hir, op dee virdru passt.

 

Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉

Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.

Villmools Merci 🙂

 

Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:

-INSTAGRAM: Lisas_kindergarten_class

-MAIL: litchielisa@hotmail.com

Preview Image 1
Preview Image 2
Preview Image 3


Kein Video verfügbar

About the seller

Dem Lisa Seng Klass

5.0/5
230 Courses
16 Reviews

Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free