ËNNERT DEM MIER – Aktivitéiten
About This Course
Dësen Dossier enthält 7 Aktivitéiten wou d’Kanner manipulativ léiere kënnen.
1. VISUELL DISCRIMINATIOUN
D’Kanner sollen d’Biller kucken an d’selwecht nomaachen.
2. PRÉ-ECRITURE
D’Kanner sollen d’Sträife, Punkte, Welle, Kreesser op d’U-Booter zeechnen.
3. ZIELEN
D’Kanner sollen déi faarweg Stécker zielen an aner Kreesser fannen, déidéi selwecht Unzuel u faarwege Stécker hunn.
4. RECHNEN
D’Kanner sollen D’Rechnunge, mat Hëllef vun de Fësch, maachen.
5. VISUELL DISCRIMINATIOUN
D’Kanner sollen d’Biller kucken an déi selwecht Kombinatioun erëmfannen.
6. VISUELL DISCRIMINATIOUN
D’Kanner sollen déi feelend Stécker fannen an op d’Biller leeën.
Hei ginn et 4 verschidde Niveauen.
7. FEINMOTORIK
D’KannerkënnenentwederklengGommetten/Brillanten op d’Fänkärmpechenoder d’Fiche kënneplastifizéiertginn an d’Kannerkënne mam Plastilinn drop spillen.
Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉
Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.
Villmools Merci 🙂
Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:
-INSTAGRAM: Dem_Lisa_seng_Klass
-MAIL: litchielisa@hotmail.com




About the seller
Dem Lisa Seng Klass
Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.