ËNNERT DEM MIER – GROUSSE BÜNDEL

About This Course

Dëse Bündel enthält 4 aner Dossieren mam Thema “Ënnert dem Mier”.

 

1. Fichen

DËSEN DOSSIER ENTHÄLT 39 FICHEN ZUM THEMA “ËNNERT DEM MIER”

 

MATHE: 16 FICHEN

SPROOCH A SCHREIWEN: 8 FICHEN

LOGIK A SPAASS: 15 FICHEN

 

2. TUPPEN

Dësen Dossier enthält 8 verschidde Biller fir ze tuppen an 2 verschiddene Varianten.

 

3. AKTIVITÉITEN

VISUELL DISCRIMINATIOUN

D’Kanner sollen d’Biller kucken an d’selwecht nomaachen.

PRÉ-ECRITURE

D’Kanner sollen d’Sträife, Punkte, Welle, Kreesser op d’U-Booter zeechnen!

ZIELEN

D’Kanner sollen déi faarweg Stécker zielen an aner Kreesser fannen, déi déi selwecht Unzuel u faarwege Stécker hunn!

RECHNEN

D’Kanner sollen D’Rechnunge, mat Hëllef vun de Fësch, maachen.

VISUELL DISCRIMINATIOUN

D’Kanner sollen d’Biller kucken an déi selwecht Kombinatioun erëm fannen.

VISUELL DISCRIMINATIOUN

D’Kanner sollen déi feelend Stécker fannen an op d’Biller leeën.

Hei ginn et 4 verschidde Niveauen.

FEINMOTORIK

D’Kanner kënnen entweder kleng Gommetten/Brillanten op d’Fänkärm pechen oder d’Fiche kënne plastifizéiert ginn an d’Kanner kënne mam Plastilinn drop spillen.

 

4. BASTELEN

Hei kënnen d’Kanner ee flotte Jelliskapp bastelen

 

Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉

Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.

Villmools Merci 🙂

 

Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:

-INSTAGRAM: Dem_Lisa_seng_Klass

-MAIL: litchielisa@hotmail.com

Preview Image 1
Preview Image 2
Preview Image 3


About the seller

Dem Lisa Seng Klass

5.0/5
236 Courses
16 Reviews

Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free