GOLDLÖCKCHEN – 6 Aktivitéiten + 13 Fichen

About This Course

DËSEN DOSSIER ASS FIR ENG EENZEL PERSOUN AN DÄERF WEDER GEDEELT NACH OP EE SCHOULSERVER GESAT GINN. MERCI DASS DÄR MENG AARBECHT RESPEKTÉIERT 🙂

An dësem Dossier fannt der 6 Aktivitéite fir ze manipuléieren zum Thema GOLDLÖCKCHEN + 13 passend Fichen a 19 Vokabelskaarten.

  1. Sich all déi Biller zesummen, déi déi selwecht Faarf hunn a setz se richteg der Rei no. Verbann se mat klenge Glidder.
  2. Ziel op all Kaart, wéi vill Nuddelen an der Zopp sinn. Fann fir all Ziffer, déi zwou richteg Kärtercher a pech se drun.
  3. Kuck wéi eng Zuel bei all Bild steet a sich esou vill Saachen déi bei d‘Bild passen. Setz se dono richteg drop.
  4. Kuck wat d‘Feiler an d‘Zuele soen a fann de Wee, vun de Personnage bis an hirt d‘Bett/bei den Dësch. Zeechen de Wee op!
  5. Kuck d‘Buschtawen déi an der Rumm sinn a probéier dat richtegt Wuert ze fannen. Kuck dono dat richtegt Bild ze fannen a setz et an déi mof Këscht.
  6. Maach mam Plastilinn laang Strullen a benotz déi, fir d‘ Formen nozemaachen.

Passend zu dësen Atelieren, ginn et 13 Fichen.

____________

BEI FROEN ODER REMARQUEN, ZÉCKT NET ÄRCH ZE MELLEN

SAVVYFOXLUX@OUTLOOK.COM

INSTA: SAVVY_FOX_LUX

Preview Image 1
Preview Image 2


About the seller

Dem Lisa Seng Klass

5.0/5
271 Courses
16 Reviews

Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free