Kalenner 2024/2025 – fir ze beaarbechten
About This Course
Kalenner fir d’Joer 2024/2025
Dëse Kalenner kënnt Dir mat Äre perséinlechen Icons a Biller am PowerPoint personaliséieren (Beispiller: Bësch, Gebuertsdag, Turnen,…).
D’Faarwpunkte si vum “Point” iwwerholl: dëst sinn d’Faarwen, déi d’Kanner och an de Centres de Compétences oder spéider an den Ateliers protégés benotzen.
Agedroe si Vakanzen a schoulfräi Deeg mat Icons fir ze visualiséieren (Kleeschen, Wanterufank, Mammendag,…).
Dëse Kalenner wäert all Joers geupdated ginn, dir braucht en also nëmmen eemol ze kafen an hutt e fir all Joer.
Vill Spaass! 🙂
=> Den Design, d’Schrëften an dei schonn existent Biller kennen natierlech net geännert ginn, well dat rechtlech a layout-teschnech net machbaar ass.




Kein Video verfügbar