“KUCK A SCHREIF” – Chrëschtdag
About This Course
Dësen Dossier enthält 6 Aufgaben fir d’Kanner zum Thema Chrëschtdag. D’Aktivitéite si manipuléierbar an d’Kanner schreiwen d’Resultater op eng Fiche.
FIR ALL AUFGAB ASS OCH D’OPLÉISUNG DERBÄI, FIR MÉI SCHNELL KËNNEN ZE VERBESSEREN.
1. SICH MECH
D’Kanner solle bei all Bild de Männche fannen dee gesicht gëtt an en ëmkreesen. Wann si e fonnt hunn, sollen si en op der Fiche och ëmkreesen.
2. WÉI VILL AUER ASS ET?
D’Kanner benotzen d’Kaarten, eng no der anerer. Se sollen op der Fiche eng Auer fannen, déi déi selwecht Auerzäit uweist, wéi op der Kaart. Da sollen si déi digital Auerzäit ënnen an de Banner schreiwen.
3. ZIEL D’FORMEN
D’Kanner solle fir d’éischt all Käpp/Formen op déi korrespondéierend Männercher leeën. Dono ginn d’Forme gezielt (am einfachsten geet dat, wann d’Kanner no a no, d’Käpp/Formen, déi d’selwecht sinn, ërem erofhuelen), an d’Zifferen op d’Blat geschriwwen.
4. WOU SINN DER MÉI?
D’Kanner sollen op all Kaart d’Saachen zielen an da kucken wou der méi sinn, uewen oder ënnen. Dono kënnen si dann op der Fiche, an déi richteg Këschte Kräizer maachen.
5. WAT FËNNS DU ËNNERWEE?
D’Kanner solle fir d’éischt mat engem Stëft de Wee nofueren an dann all déi Saachen, déi se ënnerwee begéint hunn, um Blat faarweg molen. (Déizwou Saachen, am Ufank an um Enn vum Labyrinth, déi ëmkreesst sinn, solle net mat berücksichtegt ginn.)
6. GROUSS A KLENG BUSCHTAWEN
D’Kanner solle fir d’éischt déi korrespondéierend kleng Buschtawe fannen an op d’Wuert leeën. Dono sollen se dat Wuert um Blat faarweg molen, andeems si d’Faarwe vun de Kamelle kucken, déi si op d’Wuertgeluecht hunn.
Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉
Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.
Villmools Merci 🙂
Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:
-INSTAGRAM: Lisa_kindergarten_class
-MAIL: litchielisa@hotmail.com
Your Instructor
Dem Lisa Seng Klass
Teacher
Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.