“KUCK A SCHREIF” – Wanter

About This Course

Dësen Dossier enthält 7 Aufgaben fir d’Kanner zum Thema Wanter. D’Aktivitéite si manipuléierbar an d’Kanner schreiwen d’Resultater op eng Fiche.

FIR ALL AUFGAB ASS OCH D’OPLÉISUNG DERBÄI, FIR MÉI SCHNELL KËNNEN ZE VERBESSEREN.

 

1. SICH MECH

D’Kanner solle bei all Bild de Männche fannen dee gesicht gëtt an en ëmkreesen. Wann si e fonnt hunn, sollen si en op der Fiche och ëmkreesen.

2. FANN D’WUERT

D’Kanner sollen anhand vun de faarwege Buschtawen, dat richtegt Wuert fannen an ënnert de Pinguin pechen. Dono sollen si um Blat, mat Hëllef vun der Aufgab virdrun, d’Wierder mat der richteger Faarf molen.

3. FANN 3 ËNNERSCHEEDER

D’Kanner sollen op all Sträif 3 Ënnerscheeder tëscht deenen 2 Biller fannen an ëmkreesen. Dono sollen si d’Sträifen eenzel kucken a, no a no, all Feeler vun all Personnage um Blat markéieren.

4. FANN DÉI SELWECHT REIEFOLLEG

D’Kanner sollen um Blat déi selwecht Reiefolleg vu Faarwen ërem fannen, déi op der Sträife virgi sinn, an se da, mat der richteger Zuel, markéieren.

5. WAT FËNNS DU ËNNERWEE?

D’Kanner solle fir d’éischt mat engem Stëft de Wee nofueren an dann all déi Saachen, déi se ënnerwee begéint hunn, um Blat faarweg molen. (Déizwou Saachen, am Ufank an um Enn vum Labyrinth, déi ëmkreesst sinn, solle net mat berücksichtegt ginn.)

6. MAACH D’RECHNUNGEN

D’Kannersollefir d’éischt, wéi si wëllen, ee Krees ande Mond vun all Schnéiflack pechen. Dono sollen si d’Rechnung um Blat maachen. D’Unzuel vun den Zänn, plus oder minus d’Ziffer déi derbäi gepecht ginn ass, an d’Resultat.

7. FANN DÉI SELWECHT ZUEL

D’Kanner solle fir d’éischt niewent all Schnéiflack déi passend Schnéibull pechen. (Selwecht Unzuel vu gefierftene Stécker). Dono sollen si um Blat déi richteg Unzuel vu Stécker, bei de Schnéibulle, faarweg molen.

– Entweder ouni D’Hëllef vun der Aufgab virdrun.

– Oder mat der Hëllef vun der Aufgab virdrun, andeems si zousätzlech och nach oppassen, déi selwecht Stécker ze fierwen.

 

Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉

Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.

Villmools Merci 🙂

 

Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:

-INSTAGRAM: Lisa_kindergarten_class

-MAIL: litchielisa@hotmail.com

Preview Image 1
Preview Image 2
Preview Image 3


Kein Video verfügbar

About the seller

Dem Lisa Seng Klass

5.0/5
230 Courses
16 Reviews

Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free