Lauschterbingo: Klangfaarw
About This Course
Dir hutt hei 10 verschidde fäerdeg Bingokaarten. Wann dir méi Kanner hutt, dann dréckt der verschiddener puermol raus.
Duerno wielt dir entweder 3 verschidden Instrumenter raus, oder benotzt den Audio via de QR Code.
Fir Holz kenn dir Claves wielen, fir Metall en Triangel a fir Fell eng Handtrommel oder soss eng Trommel. Wann dir et mat Instrumenter spillt, sollten d’Kanner iech natierlech net gesinn. Dofir kann et eben och interessant sinn, fir meng Audiobeispiller ze huelen.
Dir kennt awer och 3 Kanner wielen, déi jeeweils en Instrument spillen. Och hei musst dir just kucken, wéi dir des sou setzt, dat di aner och wierklech just hier Ouere benotzen.
D’Kanner kennen op hire Kaarten dat Bild ëmkreesen oder ukräize wat si wëllen. Dofir ass et och kee Problem, wa puer Kanner di selwegt Kaart hunn.
Dat Kand, wat fir d’éischt 4 Biller an enger Rei (horizontal, vertikal oder diagonal) huet, huet BINGO a gewënnt.
Et ka sinn, dat eng Ronn ganz séier riwwer ass. Et kann een dann natierlech och nach weider spillen, bis zum Beispill dat éischt Kand seng ganz Kaart voll huet.
Et gëtt och eng eidel Kaart fir ze kopéieren, wou d’Kanner d’Instrumenter solle selwer molen, oder d’Nimm vum Material sollen androen.
Eng läscht Variant ass eng eidel Kaart, wou d’Kanner fir d’éischt d’Biller rausschneiden, an dann dat passend Bild op hier Kaart leeën.


About the seller
Music and Fun by Jeanne Schmartz
 Hola,
schéin, dat s'du de Wee op mäi Profil fonnt hues.
ech si Perkussionistin a Musekswëssenschaftlerin mat enger Leidenschaft fir Musek aus aller Welt. Zënter 2010 halen ech Musekscoursen am LTPES. Weider ginn ech reegelméisseg Formatioune fir den IFEN, oder et kann ee mech och kontaktéiere fir e Workshop an der Schoul.
Vill Freed mat mengem Musekmaterial, an ech freeë mech iwwert all Feedback.
Â