Lidder fir Fester: Kleeschen
About This Course
An dësem Dossier fann dir zwee kleng an einfach Lidder mat Spiller fir de Kleeschen.
Am éischte Lidd geet et drëms, ze erkennen op et hiere Schong ass de gewise gëtt oder net.
Mam zweete Lidd gi mir beim Spill op Methoden aus der Rhythmik an.
Duerch d’Experimentéiere mam Material kréien si en Uerdnungsgefill. Hier Gehéier gëtt weider trainéiert an duerch d’Leeë vun engem Muster kennen d’Kanner kreativ ginn. An dësem Spill léieren si sech och ze konzentréieren, wa si am Beispill 2 d’Muster vum Partnerkand solle noleeën.
Wa si am Beispill 3 anere Kanner hiert Muster ergänzen, gëtt och nach de soziale Beräich ugeschwat.
Your Instructor
Music and Fun by Jeanne Schmartz
Hola,
schéin, dat s'du de Wee op mäi Profil fonnt hues.
ech si Perkussionistin a Musekswëssenschaftlerin mat enger Leidenschaft fir Musek aus aller Welt. Zënter 2010 halen ech Musekscoursen am LTPES. Weider ginn ech reegelméisseg Formatioune fir den IFEN, oder et kann ee mech och kontaktéiere fir e Workshop an der Schoul.
Vill Freed mat mengem Musekmaterial, an ech freeë mech iwwert all Feedback.