Lidder fir Fester: Ouschteren
About This Course
An dësem Dossier fann dir zwee kleng an einfach Lidder mat Spiller fir Ouschteren.
Am éischte Lidd geet et drëms, de Kanner hier Gesangskompetenzen ze fërderen. Si héieren hier eege Stëmm a léieren, di kuerz Melodie déi virgesonge gëtt, eleng genau d’selwecht nozesangen. Sou trainéieren si di richteg Téin ze geroden, a léieren och hier Sangstëmm kennen. Dëst ass e wichtegen, mee och ganz intime Moment, wou een oppasse soll wéi ee Feedback gëtt falls d’Kand d’Melodie net richteg kopéiere kann.
Duerch d’Spill mat den Eeër mussen si och kucken, an erkennen op et hiert Ee ass oder net.
Mam zweete Lidd gi mir beim Spill op Methoden aus der Rhythmik an.
Duerch d’Experimentéiere mam Material kréien si en Uerdnungsgefill. Hier Gehéier gëtt weider trainéiert an duerch d’Leeë vun engem Muster kennen d’Kanner kreativ ginn. An dësem Spill léieren si sech och ze konzentréieren, wa si am Beispill 2 d’Muster vum Partnerkand solle noleeën.
Wa si am Beispill 3 anere Kanner hiert Muster ergänzen, gëtt och nach de soziale Beräich ugeschwat.
About the seller
Music and Fun by Jeanne Schmartz
 Hola,
schéin, dat s'du de Wee op mäi Profil fonnt hues.
ech si Perkussionistin a Musekswëssenschaftlerin mat enger Leidenschaft fir Musek aus aller Welt. Zënter 2010 halen ech Musekscoursen am LTPES. Weider ginn ech reegelméisseg Formatioune fir den IFEN, oder et kann ee mech och kontaktéiere fir e Workshop an der Schoul.
Vill Freed mat mengem Musekmaterial, an ech freeë mech iwwert all Feedback.
Â