Untitled Document

Liichtmëssdag am Lëtzebuergeschcours

About This Course

Liichtmëssdag ass eng immens flott Lëtzebuerger Traditioun, déi et hoffentlech nach ganz laang gëtt. An dësem Material fannt dir de passende Wuertschatz, verschidden Übungen an Impulsfroen fir den Erzielkrees.

D’Kanner léieren de Wuertschatz anhand vu Käertercher kennen a kënnen d’’Wierder no an no op deenen éischte Säiten faarweg molen. Op engem weideren Aarbechtsblad sollen si dann d’Wierder benennen an ukräizen, wat zum Theema Liichtmëssdag passt a wat net.

Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Theema Liichtmëssdag huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder a Käertercher:

* Individuell Fotoen zu Liichtmëssdag molen

* Lauschtersätz, zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt

* Lauschterübung, wou richteg faarweg muss gemolt ginn

* Lauschtertexter, déi mat deem passenden Bild musse verbonne ginn

* Biller- a Wierderkäertercher, déi fir verschidden Spiller oder als Tafelmaterial benotzt kënne ginn

* Käertercher mat Impulsfroen, déi d’’Kanner zéien, virgelies kréien an eng Äntwert drop ginn

Am Material fannt dir 1 Deckblat, 7 Aarbechtsblieder, 1 Blat mat Biller fir auszeschneiden, Léisungen, Biller- a Wierderkaarten & Käertercher mat Impulsfroen.

Ech wënschen iech vill Spaass domat !

Mat ganz léiwe Gréiss

give_them_wings

About the seller

Give them wings

5.0/5
32 Courses
3 Reviews

There are only two lasting bequests we can hope to give our children. One of these is roots🌳, the other, wings🦋. (J. W. von Goethe)

Et freet mech, datt dir hei bei give them wings🍃 gelant sidd. Hei op weteach deelen ech meng Iddien a mäi Material mat iech. Et géif mech immens freeën, wann ech iech an ärem Schoulalldag kéint inspiréieren a bei der Gestaltung vun ärem Cours kéint hëllefen an ënnerstëtzen. Mellt iech, wann dir Froen oder Wënsch hutt.🤗

Op Instagram deelen ech Ausschnëtter aus mengem faarwege Schoulalldag.🌈. Kommt eng Kéier luussen. Ech géif mech freeën!

Äert give them wings🍃

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free

×