MÄIN NUMM – Editéierbar Fichen
About This Course
FIR DËSEN DOSSIER RICHTEG ZE BENOTZEN, BRAUCHT DÄR ADOBE!!!
Dësen Dossier enthält 5 verschidde Fichen fir d’Kanner ze léiere hire Numm ze schreiwen.
D’Kanner kënnen hei mat verschiddene Schreif- a Molmaterialien üben hire Numm ze schreiwen, andeems si iwwer Strécher fueren, faarweg molen, tuppen, pechen…
Dës Fiche sinn all editéierbar, dh, dir braucht nëmmen d’Nimm vun de Kanner an eng Lëscht anzedroen an d’Fiche fëllen sech vum selwe, mat deene verschiddene Schrëften, aus.
OPPASSEN!!! AUSSER D’NIMM ANZEDROEN, KËNNT DIR AN DËSEM DOSSIER NAISCHT ÄNNEREN!!! ALLES ASS GESCHÜTZT, OCH D’IWWERSCHRËFTEN!
Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉
Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.
Villmools Merci 🙂
Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:
-INSTAGRAM: Lisas_kindergarten_class
-MAIL: litchielisa@hotmail.com
Your Instructor
Dem Lisa Seng Klass
Teacher
Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.