Mammendag – Lama

About This Course

Mammendag – Molen, Schneiden, Puzzelen

E kreative Set fir Kanner tëscht 2 a 4 Joer – individuell, spilleresch a mat vill Häerz entwéckelt.

Dëse Dossier erlaabt Kanner hir éischt kreativ Erfarungen ze maachen: si kënne molen, ausschneiden, pechen oder aus verschiddenen Elementer e Bild zesummesetzen. Et gëtt keng richteg oder falsch Léisung – de Spaass a fräie Gestaltungswëlle stinn am Mëttelpunkt.

Fir all Kand eppes dobäi

D’Fichen si sou opgebaut, datt si sech un d’Fäegkeete vun de Kanner upassen. Et gi:

✔️ Biller fir auszemolen

✔️ Faarweg Elementer fir auszeschneiden a pechen

✔️ Puzzelen an zwou Schwieregkeetsgraden

✔️ Eng Plaz fir e selwer gemoolt Bild opzepechen

All Kand kann op seng Aart a Weis aktiv ginn – ouni Drock, ouni Zwang.

Flexibel Asazméiglechkeeten

D’Material ass ideal fir d’Crèche, d’Maison Relais, d’Spillschoul oder fir doheem. Et kann individuell oder an der Grupp agesat ginn a léisst Raum fir Differenzéierung a fräie Choix.

Wat gëtt mat dësem Set gefërdert?

• Feinmotorik an Hand-Aen-Koordinatioun

• Kreativitéit a fräien Ausdrock

• Opmierksamkeet an Ausdauer

• Freed um Schafen an Erfollegserliefnesser

Dësen Dossier ass mat Léift a Fachwëssen entwéckelt ginn. Meng Absicht ass et, d’Kreativitéit vun de Kanner ze ënnerstëtzen an hinnen eng positiv Erfarung ze bidden.

DËST ASS FIR ENG PERSOUN AN DIERF NET GEDEELT GINN ! MERCI FIR DE RESPEKT VU MENGER AARBECHT



About the seller

Lëftchen

0/5
1 Course
0 Reviews

Ech sinn d’Cindy, Erzéierin an der non-formaler Bildung a schaffen zënter méi wéi 20 Joer mat Kanner tëschent 2 a 4 Joer. Duerch meng laang Erfarung an der Crèche entwéckelen sech meng Materialien direkt aus der Praxis eraus – mat dem Zil, Fachpersonal am Alldag ze ënnerstëtzen an d’Kanner ganzheetlech a spilleresch z‘encouragéieren.

Meng digital Ressourcen si strukturéiert, visuell ureegend a kënnen direkt agesat ginn. Si orientéieren sech um lëtzebuergesche Bildungsrahmenplang.

D’Inklusioun ass fir mech och e feste Bestanddeel vu gudder Bildungsaarbecht. All Kand soll seng Plaz fannen an déi selwecht Méiglechkeete kréien, fir sech ze entwéckelen an dobäi Freed ze hunn. 

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free