Mammendag & Pappendag – Haut feieren ech dech!

About This Course

Mammen- a Pappendag si fest Bestanddeeler an eisem Kalenner a Fester, déi mir immens gär feieren. Eis Gesellschaft ass immens vielfälteg a komplex ginn a Mammen- an och Pappendag sollt ganz sensibel a reflektéiert an der Schoul behandelt ginn. Well op vill verschidden Manéieren gefeiert gëtt – verschidde Kanner ouni hir Mamma oder ouni hire Pappa musse feieren – ass dëst Heft ganz neutral opgebaut a kann ganz ënnerschiddlech interpretéiert a gestalt ginn.

Um Deckblat gëtt ausgefëllt, fir wien d’Heftchen ass: „Haut feieren ech dech, Mamma, Pappa, Boma, Bopa, Virnumm, …“ Dono gëtt et nach eng Rëtsch kreativ Aarbechtsblieder:

* Steckbréif ausfëllen

* Portrait molen * Individuell Fotoe molen

* Bongen entwerfen a gestalten

* Komplimenter an d’Häerzercher molen a schreiwen

* E Bléck an d’Zukunft mat der Zauberkugel geheien

* Sech Kaddoen, déi net ze bezuele sinn, ausdenken

* A Biere molen oder schreiwen, wat een vuneneen geléiert huet

* E Comic erfannen a gestalten

* Merci, datt s du mir hëllefs ze wuessen-Blieder fëllen

* Seefeblose mat Wënsch fëllen

* D’Diplom fir déi ALLERBESCHT dekoréieren

* Merci-Käertercher

Am Material fannt dir 1 Deckblat, 12 Aarbechtsblieder, 12 Merci-Käertercher.

Ech wënschen iech vill Spaass domat !

Mat ganz léiwe Gréiss

give_them_wings

Preview Image 1
Preview Image 2


Kein Video verfügbar

About the seller

Give them wings

5.0/5
32 Courses
3 Reviews

There are only two lasting bequests we can hope to give our children. One of these is roots🌳, the other, wings🦋. (J. W. von Goethe)

Et freet mech, datt dir hei bei give them wings🍃 gelant sidd. Hei op weteach deelen ech meng Iddien a mäi Material mat iech. Et géif mech immens freeën, wann ech iech an ärem Schoulalldag kéint inspiréieren a bei der Gestaltung vun ärem Cours kéint hëllefen an ënnerstëtzen. Mellt iech, wann dir Froen oder Wënsch hutt.🤗

Op Instagram deelen ech Ausschnëtter aus mengem faarwege Schoulalldag.🌈. Kommt eng Kéier luussen. Ech géif mech freeën!

Äert give them wings🍃

See more

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free