Melodie Kaartespill: Passt op de Rudolph op!
About This Course
Dëst Spill ass geduecht, fir mat Boomwhacker oder mat aneren Instrumenter, déi dëse Faarfsystem benotzen, ze spillen.
Et brauch ee follgend Téin: DO, MI, SOL a LA – C, E, G, A
Wann ee mat de Boomwhacker spillt, dann ass et besser kleng Gruppen ze maachen: entweder Koppelen (da kritt all Kand 2 Boomwhacker) oder
a Gruppe vu 4 (dann huet all Kand en Toun).
Wann dir Xylophone mat faarwege Stickeren hutt, da kann och all Kand eleng spillen.
D’ Kaarte gi gemëscht a verdeckt op den Dësch op e Koup geluecht.
Dat éischt Kand zitt eng Kaart a spillt dat kuerzt Motiv mat den 2 Téin.
Duerno ass et um nächste Kand. Wann een déi zweet Kaart zitt, da muss een déi 1. an déi 2. Kaart spillen. D’Melodie gëtt also ëmmer méi laang.
Gewonnen huet dat Kand, wat zum Schluss déi längste Rei, Melodie huet.
Awer opgepasst!
Et ginn nach puer extra Kaarten!


Kein Video verfügbar
About the seller
Music and Fun by Jeanne Schmartz
 Hola,
schéin, dat s'du de Wee op mäi Profil fonnt hues.
ech si Perkussionistin a Musekswëssenschaftlerin mat enger Leidenschaft fir Musek aus aller Welt. Zënter 2010 halen ech Musekscoursen am LTPES. Weider ginn ech reegelméisseg Formatioune fir den IFEN, oder et kann ee mech och kontaktéiere fir e Workshop an der Schoul.
Vill Freed mat mengem Musekmaterial, an ech freeë mech iwwert all Feedback.
Â