OUSCHTEREN A FRÉIJOER – AKTIVITÉITEN

Last Update 25 July 2024

About This Course

Dëse Bündel enthält 14 Spiller an Aktivitéiten zu den Themen OUSCHTEREN a FRÉIJOER.

 

1.D’KANNER KRÉIEN ALL 1, 2 ODER 3 KÄRTERCHER, (DEMNO ZU WÉI VILL GESPILLT GËTT). DEN ENSEIGNANT LIEST D’SÄTZ DER REI NO VIR AN D’KANNER SOLLEN SECH MELLE, WANN SI HIRE PÄIPERLEK ERKENNEN.

2.D’KANNER SOLLEN D’EEËR ESOU AN D’KËSCHT LEEË,WÉI ET UGINN ASS. ET GI 6 VERSCHIDDEN EEËRKËSCHTE FIR NOZEMAACHEN.

3.D’KANNER SOLLEN AN ALL KUERF, DÉI 5 EEËR DRA MAACHEN, DÉI DÉI RICHTEG ZIFFER HUNN.

4.D’KANNER MAACHEN D’RECHNUNGEN UM BLAT A BENOTZEN ALS HËLLEF D’MUERTEN.

5.D’KANNER SOLLEN D’JELLY BEANS OP DEE RICHTEGEN HIESCHE LEEËN.

6.D’KANNER DEKORÉIEREN D’EEËR ANDEEMS SI DÉI LOGËSCH SUITE MAACHEN, DÉI UGI SINN.

7.D’KANNER LEEËN DÉI FAARWEG FORMEN OP DÉI SELWECHT FORMEN UM BLAT.

8.D’KANNER SICHEN ALL D’EEËR DÉI D’SELWECHT SINN, ZIELEN SE A SCHREIWEN DÉI RICHTEG ZIFFER ËNNEN OP D’BLAT.

9.D’KANNER LEEËN D’FRÉIJOERSFORME MAM PLASTILINN NO.

10.D’KANNER LËEEN D’BRÉCH ESOU AN D’KREESSER, DASS ËMMER DÉI SELWECHT UNZUEL VUN ALL FAARF DRAN ASS. DONO SCHREIWEN SI AN D’KËSCHTEN UM BLAT, WÉI VILL DER VUN ALL FAARF DRA GEPASST HUNN.

11.D’KANNER SOLLEN D’INSEKTEN GENAU ESOU OP D’BILD LEEËN, WÉI ET UGINN ASS.

12.D’KANNER SOLLEN D’SCHLEEKEN OP DER KAART ZIELEN AN DÉI ZIFFER AN DEEN 1. KREESS SCHREIWEN. DONO FËLLEN SI MAT KLENGE SCHLEEKEN OP, BIS DER 10 DROP SINN. AN DEEN 2. KREESS GËTT DA GESCHRIWWE, WÉI VILL SCHLEEKE NA BÄIKOMM SINN.

13.D’KANNER DRÉIEN UN DE BLUMMEN, BIS DASS SI GENAU DÉI SELWECHT HUNN, DÉI UM BILD UGINN ASS.

Vill Spaass beim Plastifizéieren a Schneiden… 😉

 

Ech schätzen äert Vertrauen a mech an erwoarde mer och dat selwecht Vertrauen an äerch 😉

Ech hu laang un dësem Pak geschafft a wier frou wann der dësen och nëmme fir äerch selwer géift gebrauchen a net weiderginn- oder schécken.

Villmools Merci 🙂

 

Bei Froen oder Remarquen, mellt äerch roueg iwwer:

-INSTAGRAM: Dem_Lisa_seng_Klass

-MAIL: litchielisa@hotmail.com

Your Instructor

Dem Lisa Seng Klass

Teacher

5.0/5
225 Courses
16 Reviews
1388 Students

Ech hu 15 Joer als Schoulmeeschtesch an engem C1 geschafft. Elo sinn ech WeTeach instructor, a "Boss" vu WeTeach a SavvyFox. Wëllkomm op menger Plattform.

See more
Bildschirmfoto 2024-07-25 um 17.51.45

14,00 

Grades
Cycle 1, Cycle 1.Précoce, Cycle 2
Language
Lëtzebuergesch
Theme
Easter

Want to receive push notifications for all major on-site activities?

Don't have an account yet? Sign up for free

×