Ritualer
About This Course
Dëst ass en Dossier mat Kaertecher fir d’ Ritualer vum Alldag an der Schoul ze verbildlechen. Passend zu mengem Dossier vum Kalenner, hei e puer Kaarten an de passende Faarwen.
z.b.:
– Bloen Hannergrond fir Méindes
– Gielen Hannergrond fir Dënschdes
– asw
(d’Wochendeeg esou wéi se bei de Leit mat Autismus gebrauch ginn)
D’Kaarten sinn esou gestallt datt net ze vill drop ass an d’Kanner kloer erkenne kënnen ëm wat et sech handelt. Lues a lues wäert ech den Dossier updaten mat nach weidere Kaertecher. Zéckt also net wann der eng flott Iddi hutt wat ech nach dobäi setze kéint.
LG
Faby J.