Spaass am Schnéi mat den Tëppelcher
About This Course
D’Tëppelcher sinn eng faarweg, wibbeleg a witzeg Famill, déi sech zu dëser Joreszäit gär am Schnéi amuséiert. Jiddwereen op seng Aart a Weis, mee ëmmer alleguer zesummen. Si spillen, rolzen, laachen a genéissen hir Zäit an der schéiner Wanterwelt. Si erliewen Deeg voller Frëndschaft, Spaass, Erausfuerderungen a magesche Momenter.
D’Kanner léieren d’’Tëppelcher an der Geschicht “Spaass am Schnéi mat den Tëppelcher” kennen. Am Heftchen ginn op all Säit déi eenzel Tëppelcher virgestallt a beschriwwen. D’’Kanner mussen opmierksam nolaschteren a fannen sou dat passend Bild fir ze pechen.
Wie Loscht op weider Übunge ronderëm d’’Tëppelcher huet, fënnt nach eng ganz Rei aner passend Aarbechtsblieder am Begleetheft:
* Lauschtersätz, zu deenen dat passend Bild gepecht gëtt
* Individuell Fotoen zum Theema molen
* D’’Tëppelchersnimm fannen a pechen
* Eng Tëppelcherswelt molen
* En Tëppelcherscomic erfannen a molen
* Moulen zouuerdnen a molen
* Lauschter- Molübung
* Speck gestalten
* Tëppelcher mat Fangerofdréck keéieren
* Schockistasen gestalten
* Sätz aus der Geschicht deenen richtegen Tëppelcher zouuerdnen
Am Material fannt dir 1 Heftchen mat 15 Säiten, déi d’’Geschicht vun den Tëppelcher erzielt, 1 Begleetheft mat Zousatzübungen – 1 Deckblat, 12 Aarbechtsblieder, 2 Blieder mat Biller fir auszeschneiden & Léisungen, 12 Polaroidfotoen vun den Tëppelcher als Tafelmaterial & 1 Gemeinschaftsbild mat all den Tëppelcher als Tafelmaterial.
Ech wënschen iech vill Spaass domat !
Mat ganz léiwe Gréiss
give_them_wings



About the seller
Give them wings
There are only two lasting bequests we can hope to give our children. One of these is roots🌳, the other, wings🦋. (J. W. von Goethe)
Et freet mech, datt dir hei bei give them wings🍃 gelant sidd. Hei op weteach deelen ech meng Iddien a mäi Material mat iech. Et géif mech immens freeën, wann ech iech an ärem Schoulalldag kéint inspiréieren a bei der Gestaltung vun ärem Cours kéint hëllefen an ënnerstëtzen. Mellt iech, wann dir Froen oder Wënsch hutt.🤗
Op Instagram deelen ech Ausschnëtter aus mengem faarwege Schoulalldag.🌈. Kommt eng Kéier luussen. Ech géif mech freeën!✨
Äert give them wings🍃