Musek a Mathe: Noutewäerter an Taktaarten
Musek a Mathe: Noutewäerter an Taktaarten
Dës Serie vu Rhythmus-Mathematik-Aarbechtsblieder konzentréiert sech op d’Plus- a Minusrechne vun de Noutewäerter. Si hëllefen d’ Taktaarten ze verstoën.
D’Musiknotatioun an d’Mathematik hunn eng staark Verbindung, besonnesch wann et ëm Rhythmus a Taktgefill geet. Wa Kanner Nouten a Pause léieren, entwéckelen si och hir mathematesch Kompetenzen, well si mat Zuelen a Bréch schaffen.
D’Aarbechtsblieder sinn op Däitsch.
Dës Handouts sinn och ideal wann ee mol de Musekscours muss ersätzen.
Op dësen Aarbechtsblieder gi follgend Taktaarten a Noutewäerter benotzt:
Taktaarten: 4/4, 3/4 an 2/4
Noutewäerter: Ganz Nouten, Hallef Nouten, Hallef Punktéiert Nouten a Véierelsnouten.
Et gi keng Pause benotzt.
Duerno kennen d’Rhythme vun den Aarbechtsblieder och op Instrumenter oder als Bodyperkussioun gespillt ginn.