Placeholder

D’Piraten – Aktivitéiten

10,00 

Description

DËST MATERIAL ASS FIR ENG EENZEL PERSOUN A SOLL WEG NET GEDEELT GINN!!! 🙂 VILLMOOLS MERCI 🙂

Dëst Material enthält 8 praktesch Aktivitéiten fir C1 and C2 Kanner! Dës spannend Ressourcen hëlleft de Kanner, Mathematik-, Sprooch- a Problemléisungsfäegkeeten op spilleresch Aart a Weis ze entwéckelen. Perfekt fir Léierzentren, kleng Gruppen oder eng Piraten-Themestonn, mécht dëse klenge Virbereedungs-Pak d’Léieren zum Abenteuer! 🏴‍☠️🦜💰

Enthale sinn:

1.Sichen a Fannen: D’Kanner sollen alles fanne wat riets ugewise gëtt an um Bild ëmkreesen.

2. Zielen a Rechnen: D’Kanner kënnen hei verschidden Aufgabe maachen:

Zielen – Wéi vill feelt bis 10? – Minus eng Zuel – Plus eng Zuel…

3. Geschichten: D’Kanner setzen d’Geschicht der Rei no a verbannen d’Biller mat den Hoken.

4. Zielen a Rechnen: D’Kanner sichen sech ee Kapp aus an huelen déi Kaart mam Kapp, déi derbäi passt. Dann huelen si eent nom aneren eng Aufgab, maachen se a maachen déi richteg Unzuel vu Steng an de Mond vun hirem Kapp. Si pechen dann d’Aufgab op hir Kaart.

5. Raumorientéierung: D’Kanner solle d’Biller op déi richteg Plaz setzen an deems si sech un de Kräizer a Biller vun de Kärtercher orientéieren.

6. Raumorientéierung: D’Kanner solle d’Biller op déi richteg Plaz an der Tabell setzen an deems si um Referentiel kucke wou d’Saache plazéiert sinn.

7. Sich a Fann: All Ronn ginn 2 vun de Biller geholl an nieftenee geluecht. D’Kanner vergläichen d’Saachen a sichen déi eenzeg Saach déi op deenen 2 Biller d’selwecht ass. Soubal si se fonnt hunn, sichen si se um grousse Bild a klappe mat hirem Pirat drop.

8. Logësch Suiten: D’Kanner solle d’Biller kucken an d’Pärelen esou un den Hoke maache wéi d’Bild ugëtt.

____________________

BEI FROE, MELLT ÄRCH ROUEG IWWER INSTA: SAVVY_FOX_LUX ODER EMAIL SAVVYFOXLUX@OUTLOOK.COM

Reviews

There are no reviews yet.

Only logged in customers who have purchased this product may leave a review.