Description
Dir hutt hei 10 verschidde fäerdeg Bingokaarten. Wann dir méi Kanner hutt, dann dréckt der verschiddener puermol raus.
Duerno wielt dir entweder 3 verschidde Boomwhacker raus, (z.B. ROUT, GRENG, ROSA) wielt en Instrument op dem ee verschidden Tounhéichte spille kann (z.B. Glackespill) oder benotzt d’Audiobeipiller via de QR Code.
Wann dir et mat de Boomwhacker oder dem Glackespill spillt, sollten d’Kanner iech natierlech net gesinn. Dofir kann et eben och interessant sinn, fir meng Audiobeispiller ze huelen.
Dir kennt awer och 3 Kanner wielen, déi jeeweils e Boomwhacker, oder déi verschidden Tounhéichten op den Instrumenter spillen. Och hei musst dir just kucken, wéi dir des setzt, dat di aner och wierklech just hier Ouere benotzen.
D’Kanner kennen op hire Kaarten dat Bild ëmkreesen oder ukräize wat si wëllen. Dofir ass et och kee Problem, wa puer Kanner di selwecht Kaart hunn.
Dat Kand, wat fir d’éischt 4 Biller an enger Rei (horizontal, vertikal oder diagonal) huet, huet BINGO a gewënnt.
Et ka sinn, dat eng Ronn ganz séier riwwer ass. Et kann een dann natierlech och nach weider spillen, bis zum Beispill dat éischt Kand seng ganz Kaart voll huet.
Et gëtt och eng eidel Kaart fir ze kopéieren, wou d’Kanner Feiler solle molen, oder d’Begrëffer op Däitsch sollen androen.
Eng läscht Variant ass eng eidel Kaart, wou d’Kanner fir d’éischt d’Biller rausschneiden, an dann dat passend Bild op hier Kaart leeën.
Et kann een och einfach just d’Feiler oder d’Biller an dat eidel Feld androen, ouni de Bingo ze spillen.
Reviews
There are no reviews yet.