MAMMENDAG – 10 AKTIVITÉITEN

9,70 

Description

DËSEN DOSSIER ASS FIR ENG EENZEL PERSOUN AN DÄERF WEDER GEDEELT NACH OP EE SCHOULSERVER GESAT GINN. MERCI DASS DÄR MENG AARBESCHT RESPEKTÉIERT 🙂

An dësem Dossier fannt der 10 Aktivitéite fir ze manipuléieren zum Thema Mammendag.

  1. Hongreg Krokoen: Maach esou vill Häerzer an d’Tabell wéi de Kroko der am Mond huet.
  2. Rechen-Igelen: D’Kanner sollen d’Rechnunge maachen an d’Resultat op dee klengen Igel schreiwen.
  3. Léift fidderen: Kanner sichen sech ee Männchen eraus an huelen déi vertikal Koart déi derbäi passt. Se dréien all Kéier un deenen 2 Rieder a maachen esou vill Saachen, an de Mond vum Männchen, wéi ugewise gëtt.
  4. Slime-Wierder: D’Kanner huelen ee Wuert a leeën et uewen iwwert d’Tut. Se sichen all d’Buschtawe vum Wuert an drécken se op de Slime-Männchen.
  5. Cool Igelen: Hei sollen d’Kanner ëmmer déi zwou Koarte fannen, déi d’selwecht sinn. Dëst kann einfach esou gespillt ginn, oder och als Memory.
  6. Detektiv-Kazen (Zifferen): D’Kanner huelen een Häerz mat enger Ziffer a pechen se un d’Kaz. Mat der ”Lupp” sichen se zwou Zifferen déi zesumme gerechent déi Zuel erginn déi am Häerz ass. Méi schwéier ass et mat 3 verschiddenen Zuelen.
  7. Detektiv-Kazen (Formen): D’Kanner huelen ee Quadrat mat a pechen en un d’Kaz. Mat der “Lupp” sichen se ee Quadrat wou genau d’selwecht ass.
  8. Kaddo apaken: D’Kanner sollen d’Geschicht der Rei no setzen.
  9. Detektiv-Maisercher: D’Kanner sollen op all Koart 3x dat Häerz fanne wat ugewisen gëtt.
  10. Liebes-Tetris: D’Kanner huelen all d’Stécker vun engem Häerz an deems se d’Zuele kucken déi drop sinn. Se sollen da versichen d’Stécker richteg an d’Häerz ze setzen.

____________

BEI FROEN ODER REMARQUEN, ZÉCKT NET ÄRCH ZE MELLEN

SAVVYFOXLUX@OUTLOOK.COM

INSTA: SAVVY_FOX_LUX

Reviews

There are no reviews yet.

Only logged in customers who have purchased this product may leave a review.