Ouschterhuesebastel Step by Step

6,00 

Description

Et handelt sech heibäi ëm eng Bastelaktivitéit, déi d’Kanner autonom (bis op e puer läscht Schrëtt mat der Pëchpistoul) kënnen duerchféieren.

D’Aktivitéit as Schrëtt fir Schrëtt erklärt, mat Biller a QR Coden. D’Schablounen sinn och dran enthaalen.

D’Kanner kréien dat néidegt Material zur Verfügung gestallt mat de Schablounen a mam (plastifizéierten) Step by step Dossier. Op all Säit as ee weideren Step erklärt. Dat mecht et méi iwersiichtlech fir d’Kanner.

Fir d’Kanner vum C 1.1 kann een eventuell scho fäerdeg virgezeechent Schablounen prett leeën an déi vum C 1.2 kinnten eventuell anhand vun der Virlaag hir eegen Schablounen zeechnen.

Zum Schluss muss d’Léierpersoun just mat der Pëchpistoul hëllefen an déi eenzel Deeler zesummepëchen, souwéi d’Aen vum Hues a bëssen méi “real” ausgesi loossen mat e puer klengen Detailer. De Rescht kënnen d’Kanner awer eleng maachen.

 

Vill Spaass 🙂

Reviews

There are no reviews yet.

Only logged in customers who have purchased this product may leave a review.