Description
Dësen Dossier enthält 10 verschidde Spiller an Aktivitéiten fir de Précoce a Cycle 1. Déi meescht enthalen verschidde Varianten an/oder Niveauen, soudass si fir de Précoce an de Cycle 1 gëeegent sinn (Differenzéieméiglegkeeten).
Â
An dësem Dossier fannt dir:
- Fichen (Pappa molen, 2 Ausmolbiller, Tuppbild, Gometten oppechen, Linnen nofueren, Fotosblieder: mäi Pappa, mäi Pappa an ech, mäi Pappendagskaddo)
- Richteg raumen: Handwierksgeschier richteg an d’Këscht raumen
- Gesellschaftsspill fir 2-6 Spiller
- Richteg zielen : Handwierksgeschier richteg zielen an déi entspriechend Unzuel u Ketteglidder unhänken oder Muggelsteng an d’Këscht leeën
- Kaartespill Krawatten zéien: „schwaarze Schnauz“ (nom Prinzip „schwaarze Péiter“)
- Klatschspill : nämmlecht Krawatten erkennen
- Bingo (2 Varianten : Kaarten & mam Ikea-Glécksrad)
- Feinmotorik : Pompons op Krawatten transportéieren, Krawatten fräi dekoréieren & Fädelkaarten)
- Plastilinnvirlaagen (9 verschiddener)
- Wiederkaarte fir de Lerntrainer
P.S. Mellt iech bei eis wann dir d’Fotosblieder a PNG-Format mat transparentem Hannergrond geschéckt wellt hunn (ïƒ sou kennt dir de Kanner hier Foto hier ganz einfach hannendru zéien)
Only logged in customers who have purchased this product may leave a review.

Reviews
There are no reviews yet.